Maarkollef
Magesch Nuetswanderung am Groussebësch
Publié le 08 février 2025
E Freidegowend, de 7. Februar 2025, war et säit laangem nees souwäit. D‘ A.s.b.l. Maarkollef, a Kooperatioun mam Léierpersonal aus der Schoul “Am Sand” an der Elterevereenegung APE Nidderaanwen huet op eng magesch Nuetswanderung am Groussebësch invitéiert.
An enger kaler, klorer Wanternuecht hu sech d' Kanner mat hiren Elteren op de Wee duerch de Groussbësch gemaach fir hiert Léierpersonal ze befreien, dat duerch e Fluch a Märchefigurë verzaubert gouf. Ënnerwee goufe se mat Iessen a Gedrénks belount.
Et war mat Sécherheet en onvergiesslecht Erliefnis fir déi ronn 400 Participanten.
E grousse Merci u jiddereen, deen dëst erméiglecht huet an och un d’ Bäckerei Fischer fir déi lecker Fueskichelcher.
Galerie photos