Wëllkomm op der Homepage vun der a.s.b.l. Maarkollef
D’ a.s.b.l. Maarkollef huet als Ziel de Kanner Freed un der Natur an der Technik ze vermëttelen.
Mir sinn eng dynamesch Équipe vun Enseignanten aus der Schoul Nidderaanwen an hire Kolleegen a bidde villfälteg Aktivitéite fir eis Schoulkanner, haaptsächlech dobaussen, un.
Den offiziellen Numm vun der asbl ass « Association pour la promotion de l´éducation aux sciences ». Si gouf 1984 gegrënnt. Wéi 1987 para schoulesch Aktivitéite gestart goufen, sinn déi AKTIOUN MAARKOLLEF genannt ginn. Dee Numm ass du bliwwen. Inspiréiert hu mer eis beim Numm natierlech um Villche Maarkollef (“Eichelhäher”).
D’ Beräicher an deenen d’ AKTIOUN MAARKOLLEF aktiv ass, sinn:
- Milieu local, Geschicht a Geographie
- Natur- an Ëmwelterzéiung
- Technik
Mir hëllefen och beim Ënnerhalt vum Kannergaart (Schoulgaart) a vum Beiestand „Op den Aessen”.